Zeile 1: D'Eifeler Regel: Den N (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesatene Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den N bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer). Beispiller: e grousse Borscht, en ale Jeeër, den Näid, mäin Drauwenzocker, säi kalen Drauwejus, den Tunnel, en Zockerbäcker.
Zeile 2: Oppassen op d'Ausnamen: Bei Wierder op -ioun bleift den N ëmmer stoen (eng Millioun gewannen).
Zeile 3: Den N bleift och um Enn vu Wierder mat laang ausgeschwatenem einfachen -n oder dueblen -nn: de Kapitän jäizt, dem Krounprënz seng Zänn wackelen, dënn Leit, de Mann schafft, mee: ech ka Recht hu well ech si schéin!
Zeile 4: Den N bleift och bei weibleche Forme vu Beruffsbezeechnungen op -in: d'Affekotin plädéiert, eis Mataarbechterin seet. Eis Ministerin gëtt léiwer Ministesch genannt.
Zeile 5: Den N bleift um Enn vun engem Numm: Den Här Bollen geet. A Kolumbien bléien d'Liljen. Zu Bieden reent et nees.

  Übungsnummer 13.5  Zeile 2:  


Vorherige Zeile | Nächste Zeile