Zeile 1: De Schluss-Konsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängere weech gëtt: Brot/broden - Doud/dout (Tod/tot) - Heed (Heide) - Rad/Rat (Rad/Ratte) - gutt (gut) - Brout (Brot) - rout (rot) - Blat (Blatt) - Stëbs (Staub) - Kriibs (Krebs) - Ribb (Rübe) - Rëpp (Rippe) - Lëpps (Lippe) - Bréif (Brief) - déif (tief) - Léiw (Löwe). Ass keng esou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl.
Zeile 2: Wéini kennt e G oder den ch um Schluss? Prinzip: Banne bleift de G nom däitsche Schrëftbild stoen: méiglech, Bierger, Buergen, Vugel, Spigel. De G bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den CH: am Krich war genuch Luch a Bedruch am Zuch.
Zeile 3: Wéini kennt e V oder en F um Ufank? Prinzip: De V oder F als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild: Fëll déi viischt (vordere) Fläsche voll, ower net déi fir (für) vir (vorne).

  Übungsnummer 13.4  Zeile 1:  


Nächste Zeile