Zeile 1: De laang geschwaten E (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa vir- oder hannendrun en ë kënnt (leeën, gëeelzt). De Prinzip: 1 Vokal vrun 1 Konsonant ass laang: birelen - tuten - hurelen - molen - Nolen - blosen - Ham - kal - Bal. 1 Vokal vrun 2 Konsonanten (oder méi) ass kuerz: richteg - Dusch - kuschen - Kascht - Ball - Hamm (d'Uertschaft Hamm). Dat gëllt och elo fir d'Verb-Formen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen: ginn/gëff, sinn, hunn, gëtt, ass, hutt, falen/fält, gëllen/gëllt, fannen/fënnt. 2 Vokale vrun 2 Konsonanten (oder méi) gi laang geschwat; anescht gedréint: vrun 2 oder méi Konsonante muss de laang geschwate Vokal duebel geschriwwe ginn, soss gëtt hie kuerz gelies! Also: riicht - diichten - Duuscht - Kuuscht - Haascht - laanscht - Aarbecht. Awer: richt - dicht - Dusch - kusch!
Zeile 2: Beispiller fir ze vergläichen: Den Hond kuscht fir eng Kuuscht. No der Dusch hat ech Duuscht. Dee Gaascht bascht vu Gascht. D'Moss moosst d'Strooss a roost. Batsch dee Baaschtert mat der Baatsch an der Kap op de Kapp. D'Fiiss an d'Giss leien am Schloff am Schlof. Molen a gemoolt: Wann hanner engem laanggeschwate Vokal nëmmen EE Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen EEmol geschriwwen. Ech gi molen (EEN O, well nëmmen EE Konsonant, den L hannendru kënnt). Ech hu gemoolt (nom laanggeschwaten O kommen zwéi Konsonanten (LT) also muss de Vokal O duebel geschriwwe ginn.
Zeile 3: Bei zesummegesate Wierder behällt all Deel seng Schreifweis: Al+stad, of+rappen, vir+liesen, Ur+grousspapp, Of+fall. Dat gëllt och, wann e Genitiv-S dotëscht steet: Schof-s-pelz.

  Übungsnummer 13.1  Zeile 2:  


Vorherige Zeile | Nächste Zeile