Zeile 1: Eng kleng Hëllef aus der lëtzebuergescher Wikipedia fir ze wëssen, wéini aus engem e am Lëtzebuergeschen en ë gëtt: Den ë steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen ö, ower net bei Artikelen (den, dem) oder dem Firwuert (pronom) vun der drëtter Persoun (em, en, es, et). Hei gëtt et elo e puer Beispiller: Gëlle Pëlle wëlle mer net (nei Ausnam!). Léiwer ëmmer erëm rondrëm dëse Mëttelpunkt, wéi nëmme mëll riicht aus ouni Zil. D'Ënnen leien ënnen um Enn vun der Ënneschtgaass. De Joss gëtt dem Dëmm es. Gëff em fënnef Fëmmen géint seng Flemm. Nach eng Kéier: Den ë kënnt nëmmen an eng betounte Silb. - Also: nëmmen net op englesch.

  Übungsnummer 11.4  Zeile 1: